 |
 |
 |
 |

De Paul Kayser, gebuer 1979 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Organist a Komponist. Seng musikalesch Grondausbildung krut hie vun 1985 un am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg, haaptsächlech an de Fächer Solfège, Gei, Piano, Uergel, Uergelimprovisatioun, Harmonie, Kontrapunkt, Kompositioun, Gregorianik an Direktioun (Chouerleedung).
De Paul Kayser huet duerno Kierchemusek a kënschtleresch Ausbildung op der "Staatliche Hochschule für Musik und darstellende Kunst" zu Frankfurt am Main studéiert, ë. a. an de Klasse vum Prof. Martin Lücker an dem Prof. Daniel Roth (Uergel), dem Prof. Gerd Wachowski (Liturgescht Uergelspill), dem Prof. Winfried Toll (Direktioun) an dem Prof. Godehard Joppich (Gregorianik). Duerno huet e weider Uergelimprovisatioun studéiert op der "Universität der Künste" zu Berlin beim Prof. Wolfgang Seifen. Donieft huet en u ville Mastercouren deelgeholl, notamment beim Jean Boyer, Thierry Escaich, Lorenzo Ghielmi, Naji Hakim, Olivier Latry, Loïc Mallié, Peter Planyavsky a Gillian Weir.
De Paul Kayser krut eng ganz Rei Präisser, z.B. 2001 beim Concours ëm de "Förderpreis für Orgelimprovisation des Internationalen Orgelfestivals Fugato in Bad Homburg v. d. Höhe" an 2007 beim internationale Festival "Orgel ohne Grenzen" (2. Präis a Publikumspräiss).
De Paul Kayser enseignéiert Uergel, Uergelimprovisatioun an Harmonie an de Museksschoule vun Iechternach, Käerjeng a Wolz, an ass Titularorganist an der Paterkierch an der Stad Lëtzebuerg a Co-Titulaire an der Iechternacher Basilika.
Donieft spillt hie regelméisseg Concerten am In- an Ausland, mécht Opnahme fir de Radio a wierkt mat bei CD- an DVD-Produktiounen. Fir de Juli 2011 gouf hien invitéiert, fir eng vun deene bekannten Uergelauditiounen an der Cathédrale Notre-Dame zu Paräis ze spillen.
Praeludium im Barockstil über Ein Haus voll Glorie schauet, Gott, deiner Diener Zuversicht, Es schritt vor Alters Zeiten, Sankt Willibrordus, unser Mund, Kommt herbei von nah' und ferne, Helleg irmina, Prière Sainte Irmine, Schau, heil'ger Apostel, tryptique symphonique
|
|
 |